Käerjenger Guiden a Scouten
Zënter 1984 zesummen ënnerwee, mat Frënn, Abenteuer a villen Erënnerungen.
Fir jidderee vu 6 bis 99+ Joer.
Eis Branchen
Vu Kleng bis Grouss – bei eis fënnt jidderee seng Branche!
Wëllefcher
8 – 11 Joer
Entdeck, fuersch a fënn nei Frënn. Campen a Gruppenaktivitéiten fërderen Verantwortung a Matgefill.
Avex
11 – 14 Joer
Léier Selbstännegkeet a maach bei der Plangung vun Aktivitéiten mat. Aventuren, Campen a Projeten stäerken d’Vertrauen an deng Fäegkeeten.
CaraPio
14 – 17 Joer
Iwwerhuel Verantwortung, féier Aktivitéiten a schaff am Team. International Campen a Erausfuerderunge hëllefen, deng Grenzen ze verréckelen.
RaRo
17 – 23 Joer
Jong Erwuessener gestalten hiren eegene Wee, setzen Ziler als „Clan“ a bereede sech drop vir, engagéiert Bierger a Leader ze ginn.
Scouting heescht learning by doing.
Albatross
23 – 99+ Joer
Erwuessener bleiwen Deel vun der Scoutsfamill: si hëllefen, begleeden a gestalten mat. Zesummen erliewen mir Natur, Frëndschaft an Engagement.
Vun 1984 bis Haut
Eise Grupp
Mir sinn 1984 fir d’éischt aus dem Zelt gekrabbelt – a hu laang Joren eise Guidenalldag nëmme mat Meedercher gedeelt.
2006 hu mir decidéiert, och Jongen am Scoutismus zu Käerjeng opzehuelen.
2018 koumen d’CaraPio an d’RaRo derbäi, esou dass all Kand a Jugendlechen vun 8 bis 23 Joer – vu Wëllefcher bis RaRo – bei eis seng Plaz fënnt.
Zënter 2025 hu mir och Biber fir d’Kanner vun 6 bis 8 Joer.
A vun 16 Joer u kann een och als Chef oder Cheftaine mat dobäi sinn.
Gëff och Guide oder Scout
Du wëlls Member gi bei eis?
1
Komm laascht bis schnupperen an eng Versammlung.
Wéini eis Versammlungen si gesäis du bei den eenzelne Branchen.
3
Komm mat op Sortië, Weekender a Campen.
All Branche huet seng Versammlungen, Sortien, Weekender an am Summer a Campen.
Du hues Froen? Mir äntweren dir
Wann s du eng Fro hues iwwert eise Grupp oder Guiden a Scouten? Villäicht fënns du hei eng Äntwert
Schreif eis eng E-Mail op: info@kaerjeng.lgs.lu.
Hei fënns du och eise Kontaktformular: Kontaktformular
Eise Chalet ass zu Kënzeg hannert dem Tennisterrain:
rue de la Gare
L-4966 Clémency
Eise Chalet kann ee leider net lounen. Wann s du e Scoutsgrupp bass, an du wëlls virun eisem Chalet zelten da mell dech bei eis
Mir freeën eis ob jiddereen den an eise Guiden a Scoutsgrupp komme wëll!
Mell dech bei eis: info@kaerjeng.lgs.lu